Evènement

Grouss Botz

Date de création
-
Catégorie
Organisateur
Gemeng Conter
Téléphone

Et ass erëm eng Kéier esou wäit, et gëtt nees Zäit fir un déi grouss Botz dobaussen an der Gewan ze denken.

D'Gemeng erlaabt sech Iech wéi all Joër em Hëllef ze froën an anzelueden eng Hand mat unzepaken, fir deen Dreck eweg ze maachen, deen anerer dohi gehäit hunn, ouni no lénks a riets ze kucken. Mir wëllen awer esou gutt fir eis ewéi fir déi Friem eng propper Gemeng hunn.

Mir soën all deene Merci, déi bis elo gehollef hunn an och nach virun hëllefen.

Mir maachen e speziellen Opruff un Iech, léif Leit, fir un dëser Aktioun deelzehuelen.

De Rendez-vous ass e Samschdeg, de 17. Mäerz 2018 mueres ëm 09.00 Auer:

  • zu Conter - virun der Gemeng
  • zu Mutfert - virun der Schoul
  • zu Méideng - virun der Schoul
  • zu Éiter - virun der Schoul.

    Tenue : Aarbechtskleedung.

    Um 12.00 Auer ass da "Rendez-vous" fir all Bedeelegt zu Conter beim Gemengenatelier an der Industriezon „Weiergewan" 24, rue Edmond Reuter wou et eppes z'Iessen an ze Drénke gëtt.

    De Schäfferot vun der Gemeng Conter zielt op är Hëllef a seet Iech elo schonn am Viraus villmools Merci.