Actualité

COVID-19 INFO: Masken

LU

De 15. Abrëll 2020 huet d'Regierung decidéiert all Bierger aus der Gemeng 5 Masken auszedeelen. D'Verdeelung vun de Maske gëtt am Laf vun der Woch vum 20. Abrëll vun der Gemeng assuréiert.


Wichteg: D'Bierger kënnen hir Masken net siche kommen, mee kréien dës heem geliwwert.


Doriwwer eraus bleift eis Gemeng bis den 3. Mee zou. Mir sinn awer weiderhin iwwer Telefon an E-mail ze erreechen.
Merci fir Äert Verständnis.


Et ass sënnvoll, eng Mask opzedoen, ënnert der Konditioun, datt ee sech un déi virgeschriwwe Verhalensregelen hält. Esou eng Mask hëlleft verhënneren, datt Persounen, déi infizéiert sinn, ouni et ze wëssen, de Virus viruginn, an dréit esou derzou bäi, datt d’Verbreedung vum Virus ofgebremst gëtt.

#bleiftgesond

 

 

FR
En date du 15 avril 2020, le Gouvernement a décidé de distribuer 5 masques chirurgicaux à chaque citoyen de la commune. La distribution sera assurée par la commune au cours de la semaine du 20 avril.


Important: Veuillez donc noter que vous ne pouvez pas venir chercher vos masques, mais que ceux-ci vous seront déposés dans votre boîte.


Par ailleurs, tous nos bureaux restent fermés jusqu'au 3 mai 2020. Pour des renseignements ou informations, n'hésitez pas à nous contacter par téléphone ou par e-mail.
Merci pour votre compréhension.


Le port de masque est utilisé en complément aux autres gestes barrière. Il pourra ainsi aider à éviter la transmission du virus par les personnes qui sont porteur du virus sans le savoir et contribuera à ralentir la propagation du virus.

#restezenbonnesanté


E-Mail: info@contern.lu

Tel: 35 02 61

D'Mask richteg benotzen / Mode utilisation masques