Maach mat!
Konservendousen, Béchsen, Fläschen, Plastikstuten, Pneuen oder Elektroschrott …
Alles wat ee nom Wanter am Bësch a laanscht d’Weeër fënnt, gehéiert recycléiert a net an d’Natur!
Dofir maacht mat bei eiser grousser Fréijoersbotz an der Gemeng Conter! – Dëst Joer fir d’éischt mat eise Schoulkanner.
·Moies: Begréissung mat Croissant
·Flott Atelieren zum Thema Ëmwelt fir Grouss a Kleng
·Mëttes invitéiere mir Iech op e gudden Iertsebulli
Aus organisatoresche Grënn biede mir Iech, Iech um Tel : 35 02 61 oder per Mail un : umeldung@contern.lu bis den 28.Mäerz unzemellen.
Händchen an Sécherheetswesten sinn a limitéierter Unzuel verfügbar