Actualité

Invitatioun: Webinar Mäi Kongo, mäin Handy, mäin Palmueleg a mäin Kaffi

Léif Partner a Frënn vum Fairen Handel,
Mir lueden Iech ganz häerzlech an zu eisem nächste Webinar den 21. Oktober um 18h30h.
 
Thema: Mäi Kongo, mäin Handy, mäin Palmueleg a mäin Kaffi
Gëtt et iwwerhaapt eng lëtzebuerger Kolonialgeschicht? A wa jo, wéi eng Roll huet de Kongo an aner Kolonien dobäi gespillt? Huet d'Lëtzebuerger Land och wirtschaftleche Profit aus kolonialen Strukturen gezunn? A wéiwäit spillt di Kolonialgeschicht eng Roll bei dem Rassismus heizuland?
Wéi wierken sech kolonial Strukturen och nach haut weider op wirtschaftlechem Plang aus? Wéi misst en aneren Handel mat de Länner aus dem Süden ausgesinn? A wat hunn vill Produkter déi mir "gëschter an haut" notzen mat dem Kongo a Lëtzebuerg ze dinn?
 
Eisen Invité: Den Historiker Régis Moes
 
Aschreiwungen:
Fir deel ze huele musst dir Iech umellen. Kontaktéiert eis w.e.g. iwwert folgend email Adress: sarah@fairtrade.lu bis spéitstens 8h30 den Mëttwoch 21.10 fir de Link an den Zougangs-Code fir de Webinar ze kréien.
 
Dauer: ongeféier 1 Stonn.
Mir freeën eis op Iech!