​Hutt dir e Problem an der Noperschaft?

Kaméidi, Planzen di stéieren, Schiedegungen, Aarbechten, Déieren, Besëtz…

Waart net méi, a frot eisen Service vun der Mediatioun.

  • Et ass fräiwëlleg
  • Verbessert eventuell den Dialog mam Noper
  • Kann eng Léisung fir all Parteien fannen
  • Et ass confidentiel!

De Service ass dofir ausgebilt, probéiert d’Kommunikatioun ze vereinfachen, begleet di 2 Parteien bis datt dat Bescht Resultat fonnt ginn ass, onparteiesch, ënnerläit der Schweigeflicht.

Är Virdeeler

  • Et ass gratis fir all Awunner aus eiser Gemeng Conter
  • Et ass eng alternativ Léisung amplaz direkt iwwer d’Police mussen ze fueren
  • Dëse Service kann Iech hëllefen, nees eng besser Liewensqualitéit erëm ze fannen

Dir hutt näischt ze verléieren, mee kënnt alles gewannen!

Wéi muss ech da elo vir goen?

All Persoun di sech un eise Service wennt, gëtt vertraulech nogelauschtert. Hannerloosst eng Noriicht mat äre Personalien op dem Anrufbeantworter um

Tel. 621 673 648 oder schreift eng Mail un: mediation@contern.lu

Eise Service wäert sech sou schnell wéi méiglech mat Iech a Verbindung setzen.

Mediation Français / Allemand

Non
Non