Zesumme mat der
Chambre des Métiers, dem OAI an der FDA huet myenergy eng nei App entwéckelt
mat där finanziell Bäihëllefe fir eng energetesch an nohalteg Renovéierung
kënne simuléiert ginn. Dank der Geolokalisatioun vum Haus oder Appartement,
weist d’myrenovation och direkt ob méiglech kommunal Bäihëllefen hin.
An der gratis App
fënnt een ausserdeem e praktesche Guide wéi een dës Bäihëllefen ufroe kann a
vill hëllefräich Informatioune ronderëm nohalteg an energieeffizient
renovéieren, erneierbar Energien an d’Elektromobilitéit. D’myenergy App bitt
och eng komplett a reegelméisseg aktualiséiert Lëscht vun allen agreéierten
Energieberoder hei zu Lëtzebuerg. myrenovation ass op franséisch, däitsch an
englesch disponibel a kann am App oder Google Store gratis gedownloat ginn.
Fir d’Leit z’ermonteren
d‘App erofzelueden, huet myenergy entscheet zesumme mat der Fondatioun
„Hëllef fir d’Natur“ Bam ze planze fir jiddwer Download tëschent dem 12. an
20. Oktober.
E klenge Geste fir eis Ëmwelt!