Evènement

Openair Kino 2020

Date de création
-
Catégorie
bei der Schoul um Ewent
Organisateur
Jugendkommissioun
Téléphone

Gratis Entrée

Just op Reservatioun bis de 5. August:
umeldung@contern.lu

fir Snacks a Gedrénks ass gesuergt
bei schlechtem Wieder fënnt de Kino net statt

 

Film: Qu’est-ce qu’on a fait au bon dieu ?

franséisch Versioun, däitsch Ënnertitel


De Monsieur Claude a seng Fra Marie sinn eng zefridde Koppel an der franséischer
Provenz mat véier schéine Meedecher. Am glëcklechste si se, wann d'Fammilljentraditioune genau sou bleiwe wéi se sinn. Wou sech dräi vun hieren Duechtere mat engem Muslim, engem Judd an engem Chines bestueden platzen an déi franséisch Liewensart stënterlech aner Welten eran, an d'Hochzäitsfeiere geroden zu engem interkulturelle Minnefeld. Do kënnt d'Ukënnegung vun der jëngsten Duechter wëllen e Gottseidank! - franséische Katholik ze bestuede genau richteg.
Mee wou se hierem véierten Eedem, dem schwaarze Charles, géintiwwer stinn, platzt dem Claude a Marie de Kolli. Mee och dem Charles seng Famill grätscht wéinst dëser Partie mächteg mat den Zänn. An awer loosse sech d'Elteren op e Kenneléieren an. 

OpenAir Kino_Flyer