Dernière modification : 08 juillet 2019 à 14:44

D'Gemeng Conter huet sech als Zil gesat de fairen Handel ze ënnerstëtzen an invitéiert jidderee matzemaachen!

De fairen Handel ass en alternativt Handelssystem, wat als Zil huet méi Gerechtegkeet am internationalen Handel duerchzesetzen. De Fairtrade System gëtt de benodeelegte Produzenten an Aarbechter an Afrika, Asien a Lateinamerika d'Méiglechkeet sech eegestänneg eng besser Zukunft opzebauen.

Weltwäit sinn 2,4 Milliarde Mënsche vun absoluter Aarmut betraff (<1,25 USD pro Dag). Déi meeschte vun hinnen (70%) liewen um Land, wou d'Landwirtschaft d'Haaptakommensquell ass.

D'Bauere leiden ënnert de Schwankunge vun de Rohstoffpräisser an der, meeschtens ausbeuterescher Aartaweis vun den Zwëschenhändler, déi hinnen oft kleng Quantitéiten zu engem Präiss ofkafen, dee mol net d'Produktiounskäschten ofdeckt. D'Bauere sinn d'Verléierer vun engem System, dee vun de reng kommerziellen Interessen vu multinationale Betriber dominéiert gëtt.

De Fairtrade Label garantéiert de Konsumenten, dass all gelabelte Produit den internationale Standarten vum fairen Handel entsprecht.
 

Fairtrade Lëtzebuerg Internetsite

Fairtrade_10 bonnes raisons

Non
Non